ELDO.TV Empfang op der Tëlee - Wéi Wat Wou

Mat Eldo TV bei der Tële vun der Post an am Imagin Réseau kënnt dir Eldoradio LIVE lauschteren an dat an enger Top-Qualitéit.

Eldo TV - elo bei der Tële vun der Post an am Imagin Réseau vun Eltrona!

Mat Eldo TV bei der Tële vun der Post an am Imagin Réseau kënnt dir Eldoradio LIVE lauschteren an dat an enger Top-Qualitéit. Op Eldo TV fannt der och déi aktuellsten Nightlife-Photoen souwéi d'News an d'Museksews an den Agenda mat den ugesotsten Partyen zu Lëtzebuerg.

Awer Eldo TV bitt iech och Sendungen. De "Bens Club Live" kënnt Méindes bei iech op d'Tele. Och de "Watch" mam Fred fënnt iwwer Eldo TV de Wee an de Fernseh. Hei kritt dir alleguerten d'Gerüchter vun Hollywood, déi neiste Kinotrailer an d'Infoen iwwer déi neisten Produktiounen. Mat der Sendung "Profile" bréngt Eldo TV am Imagine Réseau iech speziell Interviewen aus verschiddenen lokalen Zeenen.


Hei sinn d'Konditiounen fir Eldo.tv kënnen op der Tëlee ze kucken:


Tële vun der Post

- Den EldoTV kann een via den neien Décoder vun der Post empfänken
- Kanal 505 aschalten

Weider Infos zu der Tële vun der Post

Eltrona Imagin

- Member sinn am Reseau vun Eltrona Imagin (Kaart ënnen)
- Eldo.tv um Digitalen Modus sichen loossen (Dvb-c oder via Settop-Box) iwwert den automateschen Programmsuchlaaf oder Manuell op:

Kanalfrequenz: 330.030 kHz
Symbolrate: 6.875 kBd
Modulation: QAM 256


(Info: Dir musst eng Smartcard vun Imagin an ärem Gerät hunn)


Wann Dir Froen hudd zum Empfang kënnt Dir uruffen um Callcenter vun der Eltrona. Tel.: 499 466-888

Eltrona Imagin Map

Klickt hei fir d' Kaart ze zoomen >>>

Links:

Weider Infos op imagin.lu >>>